19.12.2017Kinderkonzert

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswassermatrousen komme vun enger laanger Rees nees zeréck Heem op Lëtzebuerg. Hiert Häerz ass voller Musek an de Kapp ass voller Erënnerungen un d’Länner déi si gesinn hunn.
Ma doheem ass et awer am schéinsten an dofir wëlle si mat hire Frënn e grousst Fest feieren. An Dir sidd invitéiert!

Weitere Termine

De Kapitän Mullebutz, d’Madame Li an d’Séisswassermatrousen sange flott Kannerlidder vun heiheem an aus frieme Länner. D’Lidder erziele vun den Abenteuer déi si erlieft hunn, vum Liewen u Bord a wat ee brauch fir e richtege Matrous ze sinn.

Mat bekannte Vollekslidder & Lidder vum Pir Kremer/Jempy Kemmer, Toni Schuster/Marcel Reuland, Michel Lentz, Georges Urwald, Romy Grangenet a Ralph Kilburg an anerer.

Op lëtzebuergesch a fir jidderee vu 4 Joer un.

Hei eng Virschau: https://vimeo.com/130756255

De Mullebutz am Internet: http://www.mullebutz.lu

Termine

19.12.2017, Luxembourg
Place d'Armes

Beteiligte und technische Angaben

Programm
Lëtzebuergesch an international Kannerlidder

Musik
Dan Tanson, Iddi/Konzept/Gesank
Georges Urwald, Arrangementer/Piano/Akkordeon/Klackespill

Christian Peckels, Gittar
Tom Wiot, Bassgei
Jhang Kohnen, Trompett
Noémie Leer, Gei a Gesank
Gast Gnad, Trombonn
Max Sauber, Getrommels
Paul Dahm, Saxophonen

Tontechnik
Georges Majerus

Sprache
Lëtzebuergesch

Zielgruppe
Kanner vu 4 bis 9 Joer

Dauer
Ca. 50’

Produktion
Chantier Mobile a.s.b.l.
Les Théâtres de la Ville de Luxembourg

mit der freundlichen Unterstützung des Kulturministeriums des Großherzogtums Luxemburg, SACEM Luxembourg & der Fondation Indépendance Luxembourg

so_full_projects_Mullebutz_01
© Claude Grosch