Oh Flütt! Musek duerch Spiller a Biller

Eng musikalesch Zäitrees fir Kanner

Wien huet Loscht mam Skersas-Mobil an d’Noutegeschicht an a Klangwelten ze fléien?
Hei entdecke mir Musek aus ville Länner, maachen d’Bekanntschaft mat Komponisten, erroden d’Musek vun den Déieren an héiere berühmte Melodien. Eng Welt voll vu Stären an Dreem.

Weess du schonns wéi eng Querflütt kléngt? An seng butzeg Schwëster, de Piccolo, oder d’Altflütt, déi grouss Schwëster? Hues du e bëssi Muskelen, léiers du och déi déif Bassflütt kennen.
Loosst Iech iwwerraschen a flitt mam Querflütten-Ensemble « Skersas » an eng wonnerschéi Musekswelt. Eng musikalesch Geschicht duerch Spiller a Biller.

Beteiligte und technische Angaben

Sprache
Luxemburgisch, Deutsch, Französisch

Zielgruppe
Kinder ab 5 Jahren

Vermittlungsform
Erzählkonzert mit Flötenensemble (4-5 Musiker: Querflöte, Piccolo, Altflöte, Bassflöte)

Technische Voraussetzungen
Funkmikrofon (Headset)
Pulte mit Beleuchtung

Dauer
Ca. 50’

so_project_Skersas_01
© Jacques Schneider
so_project_Skersas_02
© Jacques Schneider