Chansons luxembourgeoises au style des « Comedian Harmonists »

Désolé, ce texte n'existe pas en Français.

Cojellico's Jangen

Lëtzebuerger ‚Schlager’ am Stil vun de Comedian Harmonists

‚Bei einem kühlen Humpen, da saß Cojellico’s Jang – mit einem Zigarstumpen und einem belschen Frang …’. Dat sinn d’Wierder vum Lëtzebuerger Dichter a Revue-Auteur Jean-Pierre Welter alias Theriente. ‚In einem kühlen Grunde, da geht ein Mühlenrad – mein Liebchen ist verschwunden, was dort gewohnet hat…’. Dës Wierder huet de berühmten däitsche Romantiker Joseph von Eichendorff originalerweis op déi selwecht Musek verfaasst.

Den däitsche Gesanksquintett Comedian Harmonists huet an den 1920er Joeren ‚In einem kühlen Grunde’ (Musek vum Friedrich Glück) enger breeder Ëffentlechkeet bekannt gemat.

D’Cojellico’s Jangen, dat si sechs befrënnte Museker, déi sech zesumme gestallt hunn, fir am Kader vum Spektakel ‚Schlüpferesch – en Hommage un déi Wëll Zwanzeger Joeren’ am Mäerz 2011 am Stued Theater zu Gréiwemaacher original Arrangementer vun de Comedian Harmonists ze interpretéieren: Mein kleiner grüner Kaktus, Veronika der Lentz ist da, Das ist die Liebe der Matrosen … an de Cojellico’s Jang !

De groussen Erfolleg, och vum Cojellico’s Jang, de Spaass an d’Freed woren d’Ausléiser fir den Ensemble an d’Musek weider ze entwéckelen. Am léiwste mat Lëtzebuerger Stëmmungslidder a ‚Schlager’, nei arrangéiert fir de Quintett a säi Pianist. Sou zesoen am Stil vun de Comedian Harmonists. Usprochsvoll, stëmmungsvoll an zougänglech zugläich.
Et sangen a spillen:

1.Tenouer – Raymond Majerus
2.Tenouer – Arend Herold
3.Tenouer – Georges Urwald
1.Bass – Carlo Migy
2.Bass – Jean-Marie Kieffer
Piano – Christophe Nanquette

Späschel Gäscht - Yvon Streff alias Rhäifränsch-Yvon

Cojellico's Jangen 01
© Misch Feinen / Cojellico's Jangen
Dammenalphabet 01
@ Tom Wagner