2017-11-10Concerts for adults

Cojellico's Jangen

Dammenalphabet

Vun Amélie bis Wirsch

D'Cojellico's Jangen widmen sech an dësem Programm exklusiv deenen sëllechen Dammen, iwwert a fir déi si sou gären sangen: d'Anna, Bebbchen, Lorchen, Manila, …

more events

D’Cojellico’s Jangen, dat si sechs befrënnte Museker, déi sech zesumme gestallt hunn, fir am Kader vum Spektakel ‚Schlüpferesch – en Hommage un déi Wëll Zwanzeger Joeren’ am Mäerz 2011 am Stued Theater zu Gréiwemaacher original Arrangementer vun de Comedian Harmonists ze interpretéieren: Mein kleiner grüner Kaktus, Veronika der Lentz ist da, Das ist die Liebe der Matrosen … an de Cojellico’s Jang !

De groussen Erfolleg, och vum Cojellico’s Jang, de Spaass an d’Freed woren d’Ausléiser fir den Ensemble an d’Musek weider ze entwéckelen. Am léiwste mat Lëtzebuerger Stëmmungslidder a ‚Schlager’, nei arrangéiert fir de Quintett a säi Pianist. Sou zesoen am Stil vun de Comedian Harmonists. Usprochsvoll, stëmmungsvoll an zougänglech zugläich.
Et sangen a spillen:

Termine

2017-11-10, Weiler-la-Tour
Centre Culturel, Weiler-la-Tour

2017-11-19, Soleuvre
Artikuss, Soleuvre

2018-02-24, Leudelange
Veräinsbau, Leudelange

Beteiligte und technische Angaben

Programm
Lëtzebuerger Stëmmungslidder a Schlager

Musiker
1.Tenouer – Raymond Majerus
2.Tenouer – Arend Herold
3.Tenouer – Georges Urwald
1.Bass – Carlo Migy
2.Bass – Jean-Marie Kieffer
Piano – Christophe Nanquette

Späschel Gäscht - Yvon Streff alias Rhäifränsch-Yvon

Sprache
Lëtzebuergesch

Zielgruppe
Erwachsene

Dauer
ca. 2 Stunden

Dammenalphabet 01
@ Tom Wagner
Cojellico's Jangen @ Spuerkees
© Tom Wagner
Cojellico's Jangen @ Spuerkees 02
© Tom Wagner